CD-Klassik
Voices of Defiance
Trauer, Verzweiwlung an och eng Grëtz Roserei - dat ass de roude Fuedem vum Programm, deen den Dover Quartet agespillt huet. D'Wierker vum Viktor Ullmann, vum Szymon Laks a vum Dmitiri Schostakowisch sinn Ausdrock vun existenzieller Angscht, mat där déi dräi Komponiste während dem Zweete Weltkrich konfrontéiert waren. De Viktor Ullmann ass am KZ ëmkomm, de Szymon Laks huet d'Hell vun Auschwitz neelech iwwerlieft, an den Dmitri Schostakowitsch mat sengem dramateschen 2. Sträichquartett ass den Héichpunkt vun dëser Produktioun, mengt de Remy Franck.