Panorama
Panorama
Libyen: Lëtzebuerger Ausseminister Asselborn huet zu Tripolis am Kader vu senger Afrika-Tour ee Flüchtlingslager besicht
CSV: "Mir wäerten d'Wahle gewannen", sou de Claude Wiseler um CSV Bezierkskongress Zentrum
Conseil national pour étrangers: Auslännerrot wëllt neien Ulaf huelen, no fënnef Joer Absence bei den Debatte wéi de Referendum oder d'Nationalitéite-Gesetz
Bourssen: Staarke Réckgang vun den amerikanesche Boursse verursaacht weltwäit Bourse-Verloschter, Grond sinn Erwaardungen, datt d'Zënse wäerte klammen
Maldiven: Politesch Kris spëtzt sech zou, de President vum ieweschte Geriicht gouf elo och verhaft
GroKo: Däitsch Koalitiouns-Verhandlunge sollen haut ofgeschloss ginn
Däitschland/Industrie: IG Metall Baden-Württemberg a Patronat fannen Akkord iwwer Salairen an Aarbechtszäiten an der Metall- an Elektronikindustrie
Brexit: Nächst Verhandlungsphas soll haut zu Bréissel ufänken, Michel Barnier warnt London virun engem Austrëtt aus der Zollunioun
Olympesch Wanterspiller: Lëtzebuerger Kader reest haut op Pyeongchang a Südkorea, wou de Matthieu Osch als eenzege Lëtzebuerger am Riseslalom a Slalom derbäi ass
Futtball: Den däitschen Thomas Klasen ass neien Trainer bei der Escher Fola