CD-Klassik
E souveräne Maestro
Datt de Riccardo Muti e gudden Drot zu de Wiener Philharmoniker huet, wësse mir spéitstens nees zënter dem Neijoerschconcert vun dësem Joer. Tëscht dem Orchester an dem italienesche Maestro gëtt et eng echt Complicitéit. Béid versti sech musikalesch blannemännerches. Um Enn kommen dann esou groussaarteg an och nobel Interpretatiounen eraus, wéi déi vum Bruckner senger 2. Symphonie a vum Strauss senger Suite "Der Bürger als Edelmann".