Panorama
Panorama
Bei de Verhandlunge fir en neie Kollektivvertrag am Bausecteur kënnt een net esou richteg virun. Gewerkschaften a Patronat gi sech net eens
D'Firma Knauf Insulation gëtt d'Iddi net op, fir eng Steewoll-Fabrik hei am Land opzemaachen
Eng liewenslänglech Prisongsstrof ass d'Uerteel géint de Jérémy Pierson, dee sech zu Arel ënnert anerem wéinst Mord, Vergewaltegung an Entféierung viru Geriicht huet misste veräntwerten
175 Mënschen hunn am Januar hei am Land politeschen Asyl ugefrot, mellt d'Direktioun vun der Immigratioun
Déi franséisch Eisebunnsgesellschaft SNCF brauch déifgräifend Reformen. Dat geet aus engem Rapport ervir, deen de fréiere Patron vun Air France dem franséische Premierminister haut iwwerreecht huet
No der Schéisserei mat 17 Doudegen hënt am US-Bundesstaat Florida gouf den 19 Joer alen Täter elo wéinst virsätzlechem Mord a 17 Fäll ugeklot
A Südafrika gouf de Mëtteg de Cyril Ramaphosa als neie President vereedegt
An Éisträich ass ee vun de bis ewell gréisste Bedruchsfäll mat der Kryptowährung Bitcoin opgeflunn. Et geet ëm Bitcoin am Wäert vun 80 Milliounen Euro.