Panorama
Panorama
D'CGFP gëtt der Regierung nach Zäit bis nächste Mëttwoch, fir sech an der Fro vun der Reform vun der Reform vun der Fonction Publique ze positionéieren
Den LCGB an den Aarbechtsminister Nicolas Schmit si sech eens, datt den Droit de Deconnection an engem Gesetz muss verankert ginn
"Als Mouvement Écologique hu mir et net néideg, eis am Här Schneider seng Wahl-Kalkülen eraschleefen ze loossen", esou reagéiert d'MouvEco-Presidentin Blanche Weber op eng Ausso vum LSAP-Vize-Premier Etienne Schneider am Lëtzebuerger Land
D'EU-Finanzministere proposéieren de spuenesche Wirtschaftsminister Luis de Guindos fir de Poste vum Vizepresident vun der Europäescher Zentralbank
D'Chômagezuele gi weider erof. Enn Januar louch de Chômagetaux bei 5,6 Prozent
D'Situatioun am Kurdegebitt Afrin am Nord-Weste vu Syrien dreet weider z'eskaléieren. De Mëtteg sinn Truppe vun der Regierung an d'Enclave amarschéiert, fir d'Kurden am Kampf géint d'Tierkei z'ënnerstëtzen
De Palestinenserpresident Mahmud Abbas huet haut virum UNO-Sécherheetsrot gefuerdert, datt déi Länner, déi dat nach net gemaach hunn, de Palestinenserstaat unerkennen