Panorama
Panorama
Et ass nees e schwaarzen Dag op eise Stroossen. Zwou Persoune sinn haut bei Verkéiersaccidenter ëm d'Liewe komm
D'Regierung ass dogéint, datt nach an dëser Legislaturperiod Ännerungen um Stage an der Fonction Publique a Kraaft trieden. Si wäert der CGFP awer proposéieren an ongeféier zwee Méint Verhandlungen unzefänken iwwert en neien Accord Salarial
An der zweeter Halschent vum Joer 2020 soll den Tram bis op d'Stater Gare fueren
Duerch d'Reform vun der Fleegeversécherung maache vill Patiente grouss Verloschter, an dat net nëmmen um Niveau vun de Courses-Sorties, kritiséiert d'COPAS
D'Fro wéi den nächste Kommissiounspresident soll designéiert ginn, ass eng, déi haut op engem informellen EU-Sommet zu Bréissel diskutéiert gouf
D'USA hunn nei Sanktioune géint Nordkorea annoncéiert. 56 Betriber a Schëffer sinn dovunner viséiert
Bei den Olympesche Wanterspiller a Südkorea war et de Mëtteg eng ganz iwwerraschend Victoire vun Däitschland an der Halleffinalle vum Hären Äishockey. Mat véier zu dräi hu si den amtéierenden Olympiagewënner Kanada eliminéiert.