Panorama
Panorama
D'Cour des comptes krut vun der Chamber-Budget-Kontroll-Kommissioun den Optrag z'iwwerpréiwen, wéi eng Tarifpolitik verschidde Printmedie vis a vis vun de Parteien applizéieren
Déi lettesch Bank ABLV dementéiert, datt hir Lëtzebuerger Duechtergesellschaft Liquiditéitsproblemer hätt
Bis d'Ouschtervakanz soll de Minister vun der Sécurité sociale sech mat der AMMD a mat der Gesondheetskeess zesummesetzen, fir iwwert eng Verallgemengerung vum sougenannten Tiers payant System ze diskutéieren
D'CDU huet op hirem Parteidag zu Berlin gréng Luucht ginn, fir eng Koalitioun mat der CSU an der SPD, déi fréier saarlännesch Ministerpresidentin Annegret Kramp-Karrenbauer gouf als CDU Generalsekretärin gewielt
A Syrien soll elo eng deeglech humanitär Wafferou gëllen, fir datt d'Zivilisten déi ëmkämpfte Regioun Ost-Ghuta kënne verloossen
An der Slowakei sinn een Investigatiouns-Journalist a seng Verloobten an hirem Privathaus erschoss ginn, et ass dëst deen zweete Mord un engem Journalist an der EU bannent fënnef Méint
Ryanair flitt mat Mallorca an Dublin zwou nei Destinatioune vu Lëtzebuerg aus un