Panorama
Panorama
D'Chamber huet de Mëtteg d'Kandidatur vun der Affekotin Veronique Stoffel fir ee Posten am Staatsrot zréckbehalen
De Sozialminister Romain Schneider schléisst weiderhin eng Ännerung vum Gesetz iwwert d'Fleegeversécherung aus
Wat um Belval mat der Gebléis-Hal geschitt, ass nach net kloer, sot de Wunnengsbauminister Marc Hansen de Mëtteg an der Chamber
Fir déi consultativ Mënscherechtskommissioun bleift et een "No go", datt och an Zukunft nach ëmmer Mannerjäreger an de Prisong op Schraasseg kënne placéiert ginn, seet hire President Gilbert Pregno
De Congé parental, deen am Dezember 2016 reforméiert gouf, hätt bei den Elteren e grousse Succès, esou d'Familljeministesch Corinne Cahen de Moie virun der Press
D'Bundesverwaltungsgeriicht zu Leipzig huet de Moien de Wee fräigemaach, fir een Diesel-Fuerverbuet an däitsche Stied
Den EU-Chef Negociateur fir de Brexit, de Michel Barnier, ass skeptesch wat déi britesch Iddien fir déi zukünfteg Relatioune mat der Europäescher Unioun ubelaangt
Nordkorea soll Produiten un déi syresch Regierung geliwwert hunn, déi och fir d'Produktioun vu chemesche Waffe kënne benotzt ginn.