arrow_back_ios
CD-Klassik
D'Nuechtigailchen
Et kéint ee jo mengen, dem Igor Strawinsky seng Musek wier allgemeng bekannt: seng Orchesterwierker, déi grouss Balleten, seng Kammermusek an Operen. An awer gëtt et nach e puer Raritéiten - op den Affichen an an der Diskographie. Duerzou gehéiert déi fréi Mäerchenoper "Le Rossignol", déi de Jukka-Pekka Saraste elo mat e puer aner kuerze Kompositiounen opgeholl huet.