Panorama
Panorama
D'Chamber huet haut majoritär gréng Luucht ginn fir d'Ofännerung vum Wahlgesetz. D'Bréifwahl gëtt an Zukunft méi einfach
D'Staatsbeamte-Gewerkschaft CGFP fuerdert vun der Regierung eng Trennung vun der Diskussioun ronderëm de Gehälteraccord an där iwwert d'Ännerungen un der Reform
Wéi et schéngt ass nees e Wollef zu Lëtzebuerg ënnerwee, d'Naturverwaltung huet Indicen op d'Präsenz vum Wollef zu Furen fonnt
Nom Uerteel iwwert d'Dieselverbueter an Däitschland rechent d'Federatioun vun de Garagisten net mat dramatesche Konsequenzen fir de Lëtzebuerger Autosmarché
D'EU huet haut een éischten Entworf vun engem Kontrakt fir de Brexit op den Dësch geluecht, déi britesch Regierung stéisst sech awer besonnesch un de Bréisseler Pläng fir den zukünftege Stand vun Nordirland
Wéi d'dpa mellt, hätt et eng gréisser Cyber-Attack op dat däitscht Regierungsnetz ginn, déi kéint bis zu engem Joer laang gelaf sinn
Och um 2. Dag vun der deeglecher Wafferou an der ëmkämpfter Regioun Ost-Ghuta a Syrien konnten d'Vereenten Natioune keng humanitär Hëllef an d'Regioun bréngen
Den internationalen Olympesche Comité huet d'Sanktioune géint Russland opgehuewen