Panorama
Panorama
De Bistum huet d'Kierchefabricken am Verdacht, honnertdausenden Euro un Drëtt-Konten iwwerwisen ze hunn, ouni d'Kierch doriwwer informéiert ze hunn
Am Bausecteur ginn ëmmer méi Aarbechten hei zu Lëtzebuerg vun auslännesche Betriber am sougenannten Détachement gemaacht, den Aarbechtsminister Nicolas Schmit erënnert d'Lëtzebuerger Entreprisen drun, datt och si dobäi kënne mat an d'Verantwortung gezu ginn
Am Dossier Wunnengsbau-Politik hätt keen deem aneren eng Scholdzouweisung ze maachen, esou de Premier Xavier Bettel gëschter nom Regierungsrot un d'Adress vun der CSV
Mat den ugekënnegte Stroftaxen op Stol- an Aluminiumimporter schueden d'USA sech och selwer, warnt den Internationale Währungsfong. D'EU-Kommissioun kënnegt Géigemesuren un
Beim Terrorattentat gëschter op déi franséisch Ambassade an op d'Haaptquartéier vun der Arméi an der Haaptstad vum Burkina Faso, si 16 Mënschen ëm d'Liewe komm
An Däitschland gi vun haut un d'Stëmme vun de Membere vun der SPD iwwert eng grouss Koalitioun ausgezielt.