Panorama
Panorama
De Bistum huet d'Kierchefabricken am Verdacht, honnertdausenden Euro un Drëtt-Konten iwwerwisen ze hunn, ouni d'Kierch doriwwer informéiert ze hunn
Am Bausecteur ginn ëmmer méi Aarbechten hei zu Lëtzebuerg vun auslännesche Betriber am sougenannten Détachement gemaacht, den Aarbechtsminister Nicolas Schmit erënnert d'Lëtzebuerger Entreprisen drun, datt och si dobäi kënne mat an d'Verantwortung gezu ginn
Mat den ugekënnegte Stroftaxen op Stol- an Aluminiumimporter schueden d'USA sech och selwer, warnt den Internationale Währungsfong. D'EU-Kommissioun kënnegt Géigemesuren un
An Däitschland gi vun haut un d'Stëmme vun de Membere vun der SPD iwwert eng grouss Koalitioun ausgezielt. D'Resultat soll muer de Moien annoncéiert ginn
Gëschter Owend gouf a Frankräich den Drama "129 batttements par minute" vum Robin Campillo mam César fir de beschte Film ausgezeechent. Den Owend ass d'Präisiwwerreechung beim Luxembourg City Filmfestival
Zwee Lëtzebuerger Cycliste sinn haut beim Strade Bianche an Italien derbäi. De Laurent Didier geet mat Trek-Segafredo bei den Hären un den Départ an d'Christine Majerus trëtt bei den Damme mat hirer hollännescher Equipe Boels-Dolmans un.