Panorama
Panorama
Et gëtt nees eng grouss Koalitioun an Däitschland. D'Parteibasis vun der SPD huet gréng Luucht ginn, fir zesumme mat den Uniounsparteien eng Regierung ze bilden
Italien wielt haut en neit Parlament. Rietspopulistesch an europakritesch Parteie sollen de leschte Sondagen no massiven Zousproch kréien
D'Schwäizer stëmmen haut an engem Referendum iwwert d'Ofschafung vun der Rundfunkgebühr of, iwwert déi den ëffentleche Rundfunk finanzéiert gëtt
Nom duebele Mord un engem Journalist a senger Partnerin an der Slowakei wäert sech schonn d'nächst Woch eng Delegatioun vum Europaparlament mam Fall befaassen
De Retard, deen um Niveau vun den Infrastrukturen duerch de séiere Wuesstem vun de leschte Joren entstanen ass, kréie mir net méi an de Grëff, seet de Frank Vansteenkiste, Coordinateur général am Landesplanungsministère
Den israeleschen Drama "Foxtrot" vum Samuel Maoz ass de Laureat vum Luxembourg Film Festival 2018
Am Cyclissem ass et haut den Depart vun der éischter grousser Vëloscourse fir dës Saison, Paris-Nice.