Panorama
Panorama
De Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn warnt virun engem Handelskrich mat den USA
An Italien wëllen esouwuel déi rietspopulistesch Lega, wéi déi europakritesch Fënnef-Stäre-Bewegung d'Muecht iwwerhuelen. De Jean Asselborn mécht de Sträit iwwert d'Flüchtlingsquoten an Europa verantwortlech dofir, datt anti-europäesch Tendenzen an Italien u Kraaft gewonnen hunn
D'CSU huet haut hir Ministere fir d'Regierungskoalitioun an Däitschland genannt
An der Tierkei goufen haut 12 Auslänner festgeholl, déi méiglecherweis eng Terrorattack op déi amerikanesch Ambassade zu Ankara geplangt haten
D'Chambre des Métiers an d'Handelskammer plädéiere fir eng Opwäertung vun der Beruffsausbildung
Stagë während dem Studium a praktesch Stagë fir professionell Erfahrung ze sammele solle gesetzlech geregelt ginn, seet den Aarbechtsminister Nicolas Schmit
Lëtzebuerg an Éisträich wëllen eng Allianz géint d'Atomkraaft an Europa lancéieren.