Klassik aktuell
Operette trifft Klassik
Den éisträicheschen Dirigent Ernst Theis huet e Faible fir aussergewéinleche Repertoire - net, well en déi grouss, bekannt Wierker net schätzt, mä well hien der Iwwerzeegung ass, datt et ze vill gutt Musek gëtt, déi einfach net zum Zuch kënnt. Am Abléck mécht hie mat der Deutschen Radiophilharmonie Saarbrücken-Kaiserslautern e Programm mat Wierker vum Oscar Straus, vum Franz Léhar a vum Eduard Künneke, deen iwwermuer Samschdeg (10.3.2018) och am Trifolion zu Iechternach gespillt gëtt.