CD-Klassik
Eng Première
De George Dyson huet laang Joren een duebelt Liewe gefouert: engersäits als Offizéier an der britescher Arméi, anerersäits als Museker a Komponist. An där Funktioun war den Dyson ënnert anerem och zoustänneg fir den Opbau vu Museksensemblë bannent der Royal Air Force. Nom Éischte Weltkrich huet den Dyson sech awer lues a lues ganz op d'Komponéiere konzentréiert an eng ganz Rëtsch Wierker geschriwwen, déi haut nëmmen nach seelen opgefouert ginn. Dozou gehéiert och seng Choral Symphony, vun där et elo déi alleréischt Opnam gëtt, déi de Remy Franck presentéiert.