Chamberleak: D'Kommunikatioun vun der Chamber wier eng Intimidatioun géint Journalisten, sou den 100,7 Chefredakter Jean-Claude Franck
Chamberleak: Ausmooss ass 100,7-Recherchen no nach méi grouss wéi ufanks geduecht, entgéint éischten Aussoe waren och sécherheetsrelevant Informatioune concernéiert
LSAP-Kongress Osten: Zousätzlech Tanken zu Mäertert ginn net gebaut, sou Nicolas Schmit, LSAP-Spëtzekandidat fir den Osten
Policegewerkschaft: SNPGL huet op hirer Generalversammlung ënner anerem kritiséiert, datt d'Police-Direktioun mat der Police-Reform ze vill Muecht géif kréien
London: Russland héchstwahrscheinlech responsabel fir d'Vergëftung vum russeschen Ex-Spioun Sergej Skripal a senger Duechter zu Salisbury an England, sou London a Washington
Däitschland: Fréieren Nazi SS Member Oskar Gröning, deen als de Comptabel vun Auschwitz bekannt war, ass am Alter vu 96 Joer gestuerwen, sou de Spiegel Magazin
Affär Selmayr: EU-Parlament kritiséiert Nominatioun vum Däitsche Martine Selmayr op de Poste vum Generalsekretär vun der EU-Kommissioun
Tennis: Serena Williams verléiert beim ATP Turnéier zu Indian Wells am drëtten Tour géint hir Schwëster Venus Williams