arrow_back_ios
CD-Klassik
Eng spannend Opnam
Mat knapp 25 Joer huet de Richard Strauss seng Toundichtung "Tod und Verklärung" geschriwwen, an et verwonnert nach haut, datt e jonke Museker sech schonn esou intensiv mam Doud ausenanergesat huet. Manner verwonnert dierft ee par konter iwwert dat Wierk sinn, dat kuerz drop entstanen ass: "Ein Heldenleben". Dem Richard Strauss huet et net u Selbstbewosstsinn gemangelt, an den Held, deen en hei skizzéiert - ëmmer mat engem Schotz Ironie - ass de Komponist selwer. De Kent Nagano huet elo béid Toundichtunge mat de Göteborger Symphoniker opgeholl.