arrow_back_ios
CD-Klassik
Um Text orientéiert
Aus enger Bühnemusek fir dem Schiller säin "Don Carlos" ass dem Alfred Schnittke säi Requiem entstanen. Fir eng Produktioun zu Moskau hat de Regisseur sech Kierchemusek als Fong virgestallt. Dorops hin huet de Schnittke déi laténgesch Doudemass vertount, déi sech längst als eegestänneg Kompositioun etabléiert huet. De polnesche Label Dux huet elo eng nei Opnam erausbruecht, déi sech virun allem um Text, um Inhalt vum Wierk orientéiert.