D'Chamber wëllt d'Press net intimidéieren. Dat sot de Chamberpresident haut am Kader vun de Sécherheetsfaillen um Internetsite vun der Chamber
De Chaos Computer Club Lëtzebuerg fuerdert ee bessere Schutz fir Whistleblower
Duerch d'Taxis-Reform aus dem Joer 2016 ass et net gelongen, fir d'Präisser um Marché ze reduzéieren: dat huet de François Bausch haut zouginn. D'Taxi-Tariffer sinn an de leschte fënnef Joer ëm 11 Prozent geklommen
Den LCGB fuerdert d'Regierung op, d'Situatioun vun de Salariéeën, déi op eng Dauer vun zwee Joer 52 Wochen krankgeschriwwe sinn, ze verbesseren
Nach ni goufe souvill Gebaier geschützt wéi an dëser Legislatur - dat souwuel ob nationalem Niveau, wéi och an de Gemengen. Dat hunn den Inneminister Dan Kersch an de Staatssekretär am Kulturministère Guy Arendt de Mëtteg virun der Press erkläert
London, Berlin, Paräis a Washington hunn haut an engem gemeinsame Communiqué d'Gëftgas-Attack op e fréiere russesche Spioun a seng Duechter a Groussbritannien, Uganks Mäerz, schaarf veruerteelt
D'USA hu Sanktioune géint Moskau annoncéiert, wéinst der presuméierter russescher Amëschung an déi amerikanesch Presidentschaftswahlen virun 2 Joer
An der Slowakei soll de Vize-Premierminister Peter Pellegrini d'Nofolleg vum Robert Fico um Premiersposten untrieden an eng nei Regierung bilden.