arrow_back_ios
CD-Klassik
E kloert Konzept
De Luzerner Symphonieorchester huet an der Saison 2016/2017 zesumme mam Pianist Oliver Schnyder sämtlech Concerti vum Beethoven astudéiert. Et war een zimlech opwännege Projet, wéi een en haut am Fong kaum nach am Klassikbetrieb fënnt. Vun enger reduzéierter kammermusikalescher Fassung erfort huet sech de Pianist un d'Concerti erugetaascht. Um Enn vun dësem Prozess steet elo eng komplett CD-Box mat engem kloren Konzept.