arrow_back_ios
CD-Klassik
Dramatesch an intensiv
headphones
15 min
Lauschteren
play_arrow
Véier Fassungen huet de Johann Sebastian Bach vu senger Johannes-Passioun gemaach, fir um Enn gréisstendeels nees op déi alleréischt Versioun zeréckzekommen. Déi dauerhaft Beschäftegung mat der Kompositioun verréit, datt dem Bach d'Wierk um Häerz louch, weist awer och, wéi de Komponist op Opféierungsméiglechkeete reagéiert huet, andeems en d'Partitur entspriechend adaptéiert. De Ralf Otto huet d'Wierk elo mam Bach-Chouer Mainz nei opgeholl.