CD-Klassik
Romantesch-russesche Charakter
16 min
1905 huet de Museksstudent Igor Strawinsky op de Rot vu sengem Professer Nikolaj Rimsky-Korsakow een éischt Wierk fir groussen Orchester geschriwwen. Et war e grousse Schrëtt fir de jonke Komponist, de bis dato just eng Rëtsch Pianoswierker opweises hat. Entstanen ass eng Symphonie, déi ganz däitlech d'Wuerzele vum Strawinsky senger Musek erëmgëtt an an der Retrospektiv weist, wéi eng enorm Entwécklung de Komponist duerchgemaach huet. Den Dimirtij Kitajenko huet déi seele gespillten éischt Symphonie elo op CD opgeholl.