STATEC: 2,3% Wuesstem vum PIB fir 2017, sou eng éischte statistesch Estimatioun, nodeems de STATEC an der leschter Previsioun nach vun 3,4% Wusstem ausgaange war
LuxairGroup: 250 nei Aarbechtsplazen mat CDI'en sollen dëst Joer geschaaft ginn
Flüchtlingsrot: Flüchtlings-Struktur um Kierchbierg wier "onnëtz" a "kontraproduktiv"
Suessem: Buergermeeschter Georges Engel begréisst Annonce fir am Schlass zu Suessem e neie Formatiouns-Zenter fir Restauratioun an Hotellerie ze schafen
Nicolas Sarkozy: Beschëllege vun illegaler Wahlkampf-Finanzéierung wieren eng "calomnie", sou de fréiere franséische President, géint deen eng Enquête opgemaach gouf
Bankeprimmen: EU-Zentralbank wëll Primmë-System vu Banken analyséieren nodeems d'Deutsche Bank trotz Verloschter 2017 héich Primmen ausbezuelt huet
Hongersnout: 124 Millioune Mënschen waren zejoert an enger Hongersnout (plus 15 Prozent), sou UNO an EU