CD-Klassik
En dynamesche Chouer
De Schwäizer Dirigent a Mäzen Paul Sacher hat den tschechesche Komponist Bohuslav Martinu no deem senge Joren an Amerika bei sech invitéiert. Déi zwee hate sech schonn an den 30er Jore kennegeléiert. Zënterhier hat de Sacher ëmmer nees Wierker beim Martinu an Optrag ginn a sech fir seng Musek staark gemaach. Et war och de Paul Sacher, deen de bibleschen Epos "Gilgamesh" vum Martinu uropgefouert huet. Elo gëtt et eng nei CD-Opnam vun dësem aussergewéinleche Wierk.