Den Inneminister Dan Kersch zitt ee positive Bilan vun der Gemengefinanzreform, déi virun engem Joer a Kraaft getrueden ass
Fir d'véierte Kéier kruten d'Gemengen haut méi Zäit accordéiert, fir hire PAG anzereechen. Deen neie Stéchdatum ass den 1. November 2019
De Regierungsrot huet och gréng Luucht gi fir déi honnertprozenteg staatlech Finanzéierung vun der Renovatioun vum Foyer Brill zu Diddeleng an der Constructioun vun engem neie Fleegeheem zu Déifferdeng
No de Kritike vu verschidde Sportsfederatiounen un der Coque wëllt no der Ouschtervakanz de Sportsminister agräifen a vermëttelen
Russland huet haut éischt Géigemesurë géint d'Expulsioun vu russeschen Diplomaten aus am Ganze 26 Länner an der NATO annoncéiert
D'Lëtzebuerger Chamber stellt sech iwwerdeems hannert d'Decisioun vun der Regierung, fir an der Affär ronderëm d'Nervegëft-Attack op de fréieren Duebelagent Serguei Skripal méi moderat ze reagéiere wéi aner EU-Memberlänner
Bei de Masseprotester an der Gazasträif un der Grenz mat Israel koume bei Ausenanersetzunge tëscht Palestinenser an der israelescher Arméi bis ewell 12 Mënschen ëm d'Liewen
Holland wëllt seng Produktioun vun Äerdgas drastesch reduzéieren. Nach virun 2030 soll dat gréisste Feld an der nërdlecher Provënz Groningen zougemaach ginn.