arrow_back_ios
CD-Klassik
E Concerto, vill Dänz an e Pohunn
Zanter iwwer 80 Joer gëtt et de Buffalo Philharmonic Orchestra. Ënner senge fréiere Chefdirigente fënnt ee sou bekannten Nimm wéi Josef Krips, Michael Tilson Thomas a Semyon Bychkov. Mat senger aktueller Directrice Artistique, der Joann Falletta huet den Orchester ënner dem Label Naxos elo en Disk mat Wierker vum Zoltán Kodály publizéiert. Um Programm: de Concerto fir Orchester, d'Marosszeker Dänz a Variatiounen iwwer e Pohunn.