Presserevue
Presserevue
"Mir acceptéiere keen Drock", dat äntwert de Chamberpresident Mars Di Bartolomeo haut am Interview am "Quotidien". Gefrot gouf hien, ob d'Regierung d'Chamber e wéineg ënner Drock sëtzt, op der leschter Ligne droite virun de Wahlen am Oktober. D'Chamber wier prett fir esou vill ze schaffe wéi néideg.
D'Fro, firwat Journalisten an d'Politik wiesselen, gëtt haut am Lëtzebuerger Wort analyséiert.
D'Tageblatt beschäftegt sech mam éischten europäesche Joer vum kulturellen Ierwen.
D'Presse-Revue mam Serge Kesseler.