arrow_back_ios
CD-Klassik
Stëllt a Spannung
Deen esteschen Dirigent Paavo Järvi ass dës Saison Artist in Residence an der Philharmonie. Éier hien en nächsten Donneschdeg a Freideg zwee Concerte mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg dirigéiert, war de Järvi scho mat zwee aneren Ensembelen zu Lëtzebuerg: der Deutschen Kammerphilharmonie Bremen an dem Estonian Festival Orchestra. Mat dësem Orchester huet hien elo eng nei Schostakowitsch-CD erausbruecht.