Panorama
Panorama
D'EU stellt sech geschlossen hannert déi westlech Loftattacken a Syrien. Dat war d'Conclusioun haut no der Reunioun vun den EU-Ausseministeren. Allerdéngs dierft een net de Feeler maache fir Russland weider ze isoléieren, sot de Lëtzebuerger Minister Jean Asselborn
D'Chambre des Salariés warnt an hirem neie Panorama Social virun enger Augmentatioun vun den Inegalitéiten an alle Beräicher zu Lëtzebuerg
De Mueren ass op en Neits e Motocyclist op eise Stroossen déidlech verongléckt
De Jacques Thill iwwerhëlt d'Mandat vum Jean-Lou Siweck am radio 100,7-Verwaltungsrot
D'Lëtzebuerger Land-Journalistin Ines Kurschat ass nei Presidentin vum Conseil de Presse
Rheinland-Pfalz an d'Saarland maache keng Plainte géint d'Atomkraaftwierk Cattenom
Den Europäesche Geriichtshaff huet d'lescht Joer ronn 1.600 Affairen ofgeschloss, dat an der éischter, wéi an der zweeter Instanz. Dat huet de François Biltgen, Lëtzebuerger Member bei der Cour vun der Europäescher Institutioun, de Muere bei der Presentatioun vum Bilan erkläert