Panorama
Panorama
Duma/Syrien: Inspektere vun der Organisatioun fir de Verbuet vu chemesche Waffe sollen eragelooss gi fir ze klären, op et de 7. Abrëll eng chemesch Attack zu Duma gouf
Chamber: Vereedegung haut vu Sam Tanson (déi Gréng) a Simone Asselborn-Bintz (LSAP) als nei Deputéiert
Europäesche Geriichtshaff: Ronn 1.600 Affären zejoert ofgeschloss
Cattenom: Rheinland-Pfalz an d'Saarland maache keng Plainte géint d'Atomkraaftwierk Cattenom
Autonom Autoen: Minister François Bausch liwwert Erklärunge fir eventuell Autorisatioun zu Lëtzebuerg
Pulitzer Präis: Auszeechnung fir Journaliste vu New York Times a New Yorker Magazin, déi d'Harvey Weinstein Affär opgedeckt haten, a fir de Rapper Kendrick Lamar
Cyber-Attack: Groussbritannien an d'USA behaapten, russesch Hackere géifen eng grouss global Cyber-Attack plangen
Emmanuel Macron: Franséische President presentéiert seng Iddeeë fir eng Reform vun der EU virum EU-Parlament zu Stroosbuerg
Basket: T71 Diddeleng verlängert Kontrakter mat sengem zwee Amerikaner Denell Stephens a Cory Johnson net méi