CD-Klassik
Een Haydn-Zäitgenossen
"Auf allen Klavieren sieht man jetzt Rosettische Stücke, aus allen jungfräulichen Kehlen hallen seine Lieder wider.", schreift ee Publizist am 18. Joerhonnert. Den Antonio Rosetti war e vill gespillte Komponist, dee sech extra een italieneschen Numm ginn hat, well dat einfach besser geklongen huet. Fir deen eegene Marketing wier de Gebuertsnumm Anton Rösler kaum eng Hëllef gewiescht. De Rösler kënnt aus Béimen, huet zu Prag säin Handwierk geléiert an an Däitschland Carrière gemaach. Um Enn hat hien iwwer 400 Wierker geschriwwen, déi haut kaum nach gespillt ginn. D'Hamburger Symphoniker hunn elo eng kleng Rosetti-Renaissance agelaut.