Panorama
Panorama
Fir d'drëtte Kéier dës Woch ass am Nomëtteg ee Motocyclist op eise Stroossen déidlech verongléckt
D'CSV ass domat averstanen, datt d'Expropriatiounrecht gestäerkt gëtt, mee nëmmen iwwert Gesetz an a präzisen a limitéierte Fäll a wann et am Allgemengen Interêt ass. Dat wor eng vun den Aussoen de Mëtteg an der Orientéierungsdebatt em d'Landesplanung an der Chamber.
Verhalensopfälleg Schüler sollen hei zu Lëtzebuerg zukënfteg besser betreit ginn, huet den Educatiounsminister annoncéiert
D'lescht Joer sinn eppes méi wéi 11.000 nei Valeuren op der Lëtzebuerger Bourse cotéiert ginn, dat am Wäert vun am Ganzen 1,1 Trilliarden Euro, en neie Rekord
D'Europaparlament kritiséiert d'Nominatioun vum Martin Selmayr als Generalsekretär vun der EU-Kommissioun
An der Tierkei sollen et virgezunne Parlaments- a Presidentschaftswahle ginn. Wéi den tierkesche Staatspresident Reccep Tayyip Erdogan haut matgedeelt huet, sollen déi schonn de 24. Juni stattfannen
An der syrescher Stad Duma gouf op Sécherheetsmataarbechter vun de Vereenten Natiounen geschoss. Bei deem Tëschefall wier och ee Sprengsaz explodéiert, huet den Direkter vun der Organisatioun fir de Verbuet vu chemesche Waffen zu Den Haag matgedeelt
Am Cyclissem war et haut eng Victoire vum Fransous Julian Alaphilippe bei der Flèche Wallonne.