arrow_back_ios
CD-Klassik
Beweegend a sensibel
De Marin Marais war e Star op der Viola da Gamba - e Status, deen en dem sengerzäit quasi allmächtege Jean-Baptiste Lully ze verdanken hat. Et war de Lully, deen en an den Déngscht vum Louis XIV op Versailles recommandéiert hat, wou en net nëmme Chef vum Hausorchester gouf mee och nach "Gambiste de la chambre du Roi". De Marin Marais huet 4 Bicher mat "Pièces de viole" publizéiert. Den Ensemble "La Rêveuse" huet elo eng Partie vun dëse Stécker opgeholl.