arrow_back_ios
Klassik aktuell
Vu Lëtzebuerg op Edinburgh
Schottland gëllt gemenkerhand net als d'Land vun der Blockflütt. Dat huet de jonk Lëtzebuerger Musekerin Annemarie Klein awer net dru gehënnert, sech zu Edinburgh ze etabléieren an do hire Master iwwert de J.S. Bach ze maachen. Antëscht huet se och eegen Ensembele gegrënnt, déi d'Blockflütt an ënnerschiddleche Facettë presentéieren : an der aler Musek awer och am zäitgenëssesche Repertoire. E Sonndeg trëtt d'Annemarie Klein zesumme mam Ensembel " Ad Libitum " am Kader vum Klenge Maarnicher Festival an der Porkierch zu Ëlwen op.