Panorama
Panorama
D'Populatioun zu Lëtzebuerg ass eng éischte Kéier op iwwer 600.000 geklommen, huet de Statec haut matgedeelt
Tëscht de Gewerkschaften OGBL, LCGB an dem Aarbechtsminister koum et zu engem Accord iwwert d'Reform vum Gesetz iwwert de Reclassement
De Sozialminister Romain Schneider proposéiert an engem Avant-Projet de Loi, déi maximal Dauer vum Krankeschäin vun 52 op 78 Wochen erop ze setzen. D'Referenzperiod vun 104 Woche géif bleiwen
Et lafe Gespréicher fir tëscht dem Irgäertchen an Hesper eng nei Strooss an Opfahrt ze bauen, fir d'Industriezone vu Contern a Sandweiler un d'Autobunn A1 un ze bannen
Déi 12. Editioun vum Sozialalmanach vun der Caritas ass do
An Zukunft soll et op europäeschem Niveau méi streng Regele ginn fir Bio-Liewensmëttel
Bis d'Mëtt vum Joer wëllen Däitschland a Frankräich, trotz hiren ënnerschiddleche Positiounen, ee Kompromëss iwwert déi geplangten EU-reformen ausschaffen
Méi wéi eng hallef Millioun Flüchtlinge kruten d'lescht Joer an der Europäescher Unioun Asyl accordéiert
Op Kuba gouf am Nomëtteg de Miguel Diaz-Canel offiziell als Successeur vum Raul Castro gewielt.