CD-Klassik
Ausdrocksstaark
"Ich war sehr fleißig und lege eben die letzte Hand an eine neue Symphonie. ", schreift de Gustav Mahler dem Dirigent Bruno Walter. Gemengt ass déi 9. Symphonie, déi dem Komponist Kappzerbrieches gemaach huet - manner wéinst der Musek, vrun allem wéinst der Zuel. Beethoven a Bruckner hate mat enger 9. Symphonie jeeweils hiert lescht Wierk geschriwwen. Deem awergleewege Gustav Mahler huet dës Virstellung Angscht gemaach, an e sollt esouguer Recht behalen, well déi 10. Symphonie ass just Fragment bliwwen. Elo huet den Daniel Harding déi 9. Symphonie vum Gustav Mahler mam schwedesche Radiosorchester opgeholl.