CD-Klassik
Komponist a Staatsmann
Nieft an nom Chopin war et net einfach, sech a Polen als Pianist duerchzesetzen. Den Ignaz Paderewski huet et fäerdegbruecht, aus dem Schied vu sengem bedeitende Landsmann erauszekommen a selwer ee vun de grousse Virtuosen am 19. an am Ufank vum 20. Joerhonnert ze ginn. Dës Renommée huet och derzou bäigedroen, datt de Paderewski politesch Funktiounen iwwerholl huet - als éischte polnesche Premierminister nom Éischte Weltkrich an och als Chef vun den Exil-Polen an den USA am Zweete Weltkrich. Elo gëtt et eng nei CD mat Wierker vum Komponist Ignaz Paderewski.