Panorama
Panorama
Donnerwiederen: 200 Asätz vum 112 gëschter Owend, am Schlëmmste war et am Zentrum a Süden, dorënner Koplescht, wou Bulli a Sténg an den Zentrum vum Duerf geschwemmt goufen
Justiz: 10 Prozent manner Führerschäiner zejoert agezunn, sou Bilan 2017
Dateschutz: Facebook muss mat Sammel-Plainte vun EU-Bierger rechnen, wann dat neit europäescht Dateschutzreegelung de 25. Mee a Kraaft trëtt, sou Droits-Professer Herwig Hofmann an eiser Emissioun Riicht eraus
London: Britesch Inneministesch Amber Rudd zeréckgetruede wéinst dem Skandal vum staatlechem Ëmgang mat Immigranten aus der Karibik
Iran: Atom-Akkord vun 2015 net nei ze verhandelen, sou iranesche President Hassan Ruhani
Nordkorea: Chineseschen Ausseminister Wang Yi soll iwwermuer oder den Dag drop a Nordkorea reesen, sou säi Ministère
Bonn: UNO Klimakonferenz fir Reegelen auszeschaffen fir Paräisser Klima-Akkord ëmzesetzen
Basket: Steesel huet zu Ettelbréck déi 1. Finall géint d'Etzella mat 85-81 gewonnen
Football: Ettelbréck spillt d'nächst Saison nees an der ieweschter Divisioun