arrow_back_ios
CD-Klassik
Vum Orchester op de Piano
Pianoswierker, déi fir groussen Orchester adaptéiert ginn, si keng Raritéit - denke mir nëmmen un "Bilder einer Ausstellung" vum Modest Mussorgsky. Natierlech geet et och deen ëmgedréinte Wee, an do get et fir de Komponist zwou Méiglechkeeten: eng einfach Reduktioun vun der Partitur fir den Hausgebrauch oder awer eng Beaarbechtung, déi méiglechst vill vun de Klangfaarwe vum Original erëmgëtt. Dat ass de Fall fir eng nei Produktioun mam "Sacre" vum Igor Strawinsky a virun allem mat "La Mer" vum Claude Debussy.