Klassik aktuell
En Alphorn an der Philharmonie
Entgéint dem Cliché ass den Alphorn haut net méi just en traditionellt Instrument, dat een an den Alpen ze héiere kritt. Schonn de Brahms hat sech fir seng éischt Symphonie u verschiddene Motiver vum Alphorn inspiréiert. Mëttlerweil ginn et souguer konzertant Stécker fir Alphorn an Orchester. De Christoph König hat déi originell Iddi, fir dee leschte Concert vun der Saison (7.5.2018) vun de Solistes Européens, Luxembourg, dëst Instrument an de Mëttelpunkt ze stellen. Solist ass de Carlo Torlantano. De Manuel Ribeiro mat Detailer.