Panorama
Panorama
De Gesetzprojet iwwert d'Police-Reform soll nach virun der Summervakanz gestëmmt ginn, wor et haut de Message no der zoustänneger Chamberkommissioun
Gemenge-Fusioune maache Sënn, ma hir Autonomie muss ëmmer respektéiert ginn. Där Meenung ass de Gemengesyndikat Syvicol
D'Aleba gouf invitéiert, fir mat der schwedescher Bank Nordea ze verhandelen. Dat huet eis d'Bankegewerkschaft op Nofro hi confirméiert
Lëtzebuerg mécht net genuch géint d'Korruptioun - zu där Conclusioun kënnt en Expertegremium vum Europarot a sengem Joresbilan
D'Europaparlament wëllt ëffentlech-rechtlech Medien an investigative Journalismus an den EU-Länner finanziell ënnerstëtzen, fir op deem Wee d'Meenungsvielfalt ze schützen
Wann d'USA sech aus dem Atomaccord mam Iran zeréck zéien, da wëllt och den Iran net méi dra bleiwen, huet Teheran haut annoncéiert
Zu Rëmeléng goufen Iwwerreschter vun engem Dinosaurier fonnt. Et ass dëst eréischt déi zweete Kéier, datt esou eng Découverte zu Lëtzebuerg gemaach gouf.