Panorama
Panorama
D'EU-Kommissioun huet gréng Luucht ginn fir d'Iwwernahm vum italienesche Stolkonzern ILVA duerch ArcelorMittal. Domat muss dat Diddelenger Stolwierk elo verkaf ginn. De Wirtschaftsminister weist sech iwwerrascht, wéi séier Bréissel eng Decisioun doriwwer geholl huet
D'Ofschlossexamen am Secondaire Général, dem fréieren Technique, ginn un de Classique ugepasst
De Staatssekretär am Ëmweltministère Camille Gira reagéiert op d'Kritike vun der Jeeërfederatioun, déi si gëschter op hirem Kongress formuléiert huet
An iwwer eng App ka sech vun haut u jiddereen hei am Land iwwer déi aktuell Loftqualitéit informéieren
De franséische Premier Edouard Philippe koum haut eng éischte Kéier mat de Gewerkschaften am Sträit iwwer déi ëmstridde Reform vun der franséischer Eisebunn, SNCF, zesummen
A Russland gouf de Wladimir Putin fir seng véiert Amtszäit vereedegt
De Gilles Muller verléiert fënnef Plazen am ATP-Ranking, d'Mandy Minella mécht zwou Plaze gutt