arrow_back_ios
Klassik aktuell
E Schlass voller Musek
No éischten Editiounen an der Abtei Neimënster huet den Institut Européen de Chant Choral sech fir seng véert Lidderfouer mat Ausstellunge vun Editeuren a Museksinstitutiounen an Ateliere mat Noutesoftware een neit Konzept ausgeduecht: D'Manifestatioun gëtt gekoppelt mam nationale Sängerdag vun der UGDA a vum Pius-Verband. Rendez-vous ass iwwermuer Sonndeg (13.5.) am Schlass zu Beefort.