Panorama
Panorama
Nodeems e Kand bei engem Accident um Houwald gëschter déidlech blesséiert gouf, sicht d'Police nach no Zeien
Wéinst dem Aarm vun enger Statu, deen aus 30 Meter Héicht erofgefall ass, ass d'Haaptentrée vun der Stater Gare ass fir den Ament gespaart, dat mellt d'Lëtzebuerger Wort
Een Doudegen a véier Blesséierter, dat ass de Bilan vun enger Messerattack gëschter Owend zu Paräis, ënner de Blesséierten ass och ee lëtzebuergesche Residant
D'Fräi Ökologesch Demokratesch Partei, kuerz FÖDP, huet gëschter hire Wahlprogramm virgestallt
Gëtt et en intellektuellen Debat zu Lëtzebuerg, war haut de Moien d'Fro am Riicht eraus
Zu Bréissel hunn d'Gewerkschafte vu Brussels Airlines d'Piloten zum Streik opgeruff - muer an e Mëttwoch soll gestreikt ginn
Zu Surabaya an Indonesien goufen haut dräi Kierche vu Selbstmordattentäter attackéiert, bei de Responsabele soll et sech ëm eng Famill handelen, dorënner och dräi Mannerjäreger
Zwee britesch Touristen, déi e Freideg an der demokratescher Republik Kongo Geisel geholl goufen, wieren elo erëm fräi, dat huet den Ausseminister Boris Johnson haut matgedeelt
Fir de 70. Joresdag vun der Grënnung vun Israel gëtt muer zu Jerusalem déi nei amerikanesch Ambassade opgemaach, eng Millioun palestinensesch Demonstrante ginn an deem Kader am Gazasträif erwaart
Niddereg Walbedeelegung vu knapp 45 Prozent gëschter am Irak bei den éischte Parlamentswalen zanter der Victoire iwwert den Islamesche Staat