Panorama
Panorama
Gazasträif: Op d'mannst 55 Palestinenser koumen an der Gazasträif bei Ausernanersetzunge mat israeleschen Zaldoten ëm d'Liewen, bei de Protester géint d'Ouverture vun der amerikanescher Ambassade gëschter zu Jerusalem
Israel: Interventioun vun israeleschen Zaldote wier legitim gewiescht, si hätten sech an d'Grenz géint déi radikal-islamesch Hamas misse verdeedegen, sou den israelesche Premier Benjamin Netanyahu
UNO: Vereenten Natioune veruerteelen israelesch Interventioun als Verstouss géint d'Mënscherechter, mee d'USA blockéieren eng Demande vu Kuwait, fir eng onofhängeg UNO Enquête iwwert d'Gewalt ze maachen
Mouvement Ecologique: Wuesstem misst gebremst ginn, fir Sozialsystem ze finanzéieren kéint een z.B. méi "Ekosteieren" aféieren, sou d'Mouveco-President Blanche Weber am 100,7 Interview
Luxair Group: Nettobenefice vu 9,5 Milliounen Euro am Joer 2017, dat gutt Resultat wier op d'Performancë vu Luxair Tours a vum Cargo Zenter zeréck ze féieren, d'Airline bleift defizitär
Italien: Fënnef-Stäre Beweegung a Lega si sech nach net iwwert Koalitiouns-Accord eens
EU/Iran: EU Chefdiplomatin Federica Mogherini empfänkt Ausseministeren aus Groussbritannien, Frankräich, Däitschland an dem Iran fir iwwert d'Suite vum Atom-Accord mam Iran ze diskutéieren
Futtball: Däitsch Nationalspiller Mesud Özil an Ilkay Gündogan hunn zu London den tierkesche President Recep Erdogan begéint an domat fir Kritik an Däitschland gesuergt