CD-Klassik
Eng flott Klangerweiderung
De Peter Iljitsch Tschaikowsky war een déiwe Melancholiker - an dat dréckt sech och ëmmer nees a senger Musek aus. Säi populäre Geieconcerto schreift en direkt no engem Bestietnis, an deem HIe sech vun Ufank un net wuel gefillt huet. Den 3. Sträichquartett entsteet als Hommage un den Doud vun engem gudde Frënd. A béide Wierker geet et also ëm Séilenzoustänn a vill Intimitéit - Stëmmungen, déi d'Geiistin Antje Weithaas op hirer neier CD vrun allem am Quartett trëfft.