Panorama
Panorama
No der Perquisitioun de Muere beim radio 100,7 an der Affär Chamberleaks, hu Vertrieder vun der Press a vu verschidde Parteien d'Virgoe vun der Justiz schaarf kritiséiert
Fir den Antoine Deltour geet de Luxleaks-Prozess mat enger symbolescher Strof op en Enn. Haut gouf d'Uerteel am zweeten Appellprozess gesprach
D'Wierker vum Flaachglasproduzent Guardian zu Käerjeng an zu Diddeleng sollen net zougemaach ginn. Dat huet d'Staatssekretärin am Wirtschaftsministère Francine Closener de Mëtteg präziséiert, nodeems deementspriechend Informatiounen an der Presse zirkuléiert waren
Wéi et schéngt dréint d'Personalkarussell bei Esch 2022 weider. Wéi d'Tageblatt haut mellt, sollen de Coordinateur Général an d'Directrice artistique, Andreas Wagner a Janina Stroetgen, vun hire Posten enthuewen a mat neie Missioune betraut ginn
D'Transversale vu Klierf kascht méi, wéi am Budget vun 2011 virgesi war. Ronn 40 Millioune méi, nämlech 73 Milliounen Euro, soll d'Constructioun vun där Streck am Endeffekt kaschten, huet den Nohaltegkeets- an Infrastrukturminister François Bausch haut der zoustänneger Chamberkommissioun matgedeelt
An enger Aktualitéitsstonn an der Chamber hunn d'Fraktiounen sech hannert d'Efforte vun der europäescher Unioun gestallt, fir weiderhin um Atomaccord mam Iran fest ze halen
Haut gouf a Russland déi ëmstridde Bréck ageweit, déi di annexéiert ukrainesch Hallefinsel Krim mam russesche Festland verbënnt
Den amerikanesche Schrëftsteller a Journalist Tom Wolfe ass dout.