CD-Klassik
Vill Faarwen an Nuancen
Zanter dem hollänneschen Dirigent Willem Mengelberg gëtt et eng laang an intensiv Mahler-Traditioun beim Concertgebouw Orchester zu Amsterdam. Quasi all Chefdirigent huet eng Integrale vun de Mahler-Symphonië mam Orchester gemaach. Vun 2004 bis 2014 war de Mariss Jansons Chefdirigent zu Amsterdam, bei den e reegelméisseg als Gaaschtdirigent invitéiert gëtt. Aus engem rezenten Optrëtt ass elo eng Live-Opnam mam Gustav Mahler senger 7. Symphonie entstanen.