Panorama
Panorama
Op en Neits gouf et eng Schéisserei an enger Schoul an den USA. Op d'Mannst 8 Mënsche koumen dobäi em d'Liewen
D'Post kuckt, trotz Verloschter duerch d'Ewechfale vum Roaming, mat engem Ëmsaz vu ronn 770 Milliounen Euro op e positive Bilan fir 2017 zeréck
De Budget fir de Fonds National de la Recherche geet fir d'Joeren 2018 bis 2021 em 41 Prozent an d'Luucht
D'Gemeng Monnerech huet haut e Konzept presentéiert, fir weider Äerdrutschen op der Monnerecher Bauschuttdeponie ze verhënneren
Mam OGBL huet elo och déi leschte Gewerkschaft am Bankesecteur gréng Luucht ginn fir den neie Kollektivvertrag
Den UNO-Mënscherechtsrot schéckt eng international an onofhängeg Opklärungsmissioun an de Gazasträif, fir déi rezent Tëschefäll tëscht israeleschen Zaldoten a Palästinenser opzeklären
Frankräich refuséiert eng Fermeture vum Atomkraaftwierk zu Cattenom an noer Zukunft
D'EU ass bereet, fir sech géint déi eventuell amerikanesch Stroftaxen ze wieren. D'EU-Kommissioun huet der Welthandelsorganisatioun eng Lëscht mat Produiten iwwerreecht, op deene kéinte Géigemesuren applizéiert ginn, wann d'Ausnahmeregelung fir d'EU, déi nach bis den 1. Juni gëllt, net definitiv gëtt.